Recherche avancée
Date(s)
-
(Cet événement n'a pas de description en français)
D'Stad Memphis ass um hallwe Wee tëschent dem déifste Süden, wou vill Bluesmuseker am Ufank vum 20. Joerhonnert sech méi schlecht wéi Recht duerchgeschloen hunn an der Stad Chicago, déi se ugezunn huet. Um Wee fir an d'Windy City waren der vill, déi en Tëschestopp zu Memphis a senger berüümt-berüchtegter Beale Street gemaach hunn. Dee sougenannten Delta ass tatsächlech nëmmen e Kazesprong vu Memphis ewech, sou dass vill Bluessänger, Gittaristen an Harpspiller Opname fir Sun Records gemaach hunn, dem Sam Phillips säi legendäre Placken-Label. B.B. King, Howlin' Wolf, Rufus Thomas a Junior Parker hunn do hir éischt Succès'en agespillt, éih se uschléissend Plaz gemaach hunn fir Museker wéi Elvis Presley, Carl Perkins oder och Jerry Lee Lewis, déi éischter mat Rock 'n' Roll ze iwwerzeege woussten.
Och wann an de 60'er Joren de Blues u Popularitéit verluer huet, an dat zu Gonschte vun der Soul Music, war hien ëmmer present an huet haut nach e kulturellen Impakt op d'Stad. Zënter 1980 éiert Memphis déi beschte Blues-Disken a Museker mat dem prestigiéise W.C. Handy Award, benannt nom Grousspapp vum Memphis Blues, dem William Christopher Handy, dee niéwt dem Memphis Minnie zu de Blues-Helden aus der Ufankszäit zielt.

Média
Prix:
- Par personne :8.00 €
Information de contact pour cet événement
Téléphone:
E-mail:
Internet:
Organisateur
Manukultura
Partager
Ajouter au calendrier
Virtrag iwwert de BLUES: MEMPHIS BLUES
-
Ajouter au calendrier
2021-03-11 19:30:00
2021-03-11 21:00:00
Virtrag iwwert de BLUES: MEMPHIS BLUES
ManuKultura
Manukultura
Manukultura
UTC
public
Organisation