Facebook  

Back to top

Recherche avancée

Musique , Musique

VIRTRAG IWERT DE BLUES - TEXAS BLUES

Date(s)

-
(Cet événement n'a pas de description en français) Och wann et heiansdo schwéier schéngt, genee ze definéieren, wat Texas Blues ass, muss ee feststellen, dass eng ganz Rëtsch amerikanesch Gittaristen, Sänger an Harpspiller aus dësem Bundesstaat Klassiker vum Blues agespillt hunn. Déi éischt, déi op sech opmierksam gemeet hunn, waren de Sänger Blind Lemon Jefferson, sou wéi d’Gittaristen T-Bone Walker a Lightnin‘ Hopkins. Duerno huet den Texas eng Well vun Ausnahmegitarristen erliewt, déi weltwäit Unerkennung zougesprach kritt hunn: Pee Wee Crayton, Albert Collins oder och Freddie King. Si selwer haten groussen Afloss op déi Leit, déi richteg bekannt goufen, an haut nach Referenze bleiwen fir all Bluesmuseker: Johnny Winter, Stevie Ray Vaughan, Anson Funderburgh, Mike Morgan, Smokin‘ Joe Kubek …
Austin, mat sengem renomméierte Club Antone‘s, war jorelaang den Zentrum vun enger ganz aktiver Blues-Scène, wou, zum Beispill déi wuel beschte Roadhouse-Blues Formatioun ‚ever‘ hierkënnt: The Fabulous Thunderbirds. Och net ze vergiessen, déi Band, déi bei all Diskographie ganz hannen opdaucht, an déi net nëmmen mat markante Bäert, mee och duerch en explosiven Boogie-Blues Geschicht geschriwwen huet: ZZ TOP.

Sall Cabaret

Média

Lieu

ManuKultura
1 am Millenhaff
8706 USELDANGE
Luxembourg

Prix:

  • 8.00

Information de contact pour cet événement

Téléphone:

Organisateur

Manukultura

Partager

Ajouter au calendrier

Organisation

Mots clés

ManuKultura

Vous pourriez aimer également...

Musique
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
ETTELBRUCK
Musique
Centre Culturel Useldange
USELDANGE
Musique
Mierscher Kulturhaus
MERSCH