Facebook  

Back to top

Recherche avancée

Théâtre & cabaret

Rabonzel

Jeff Schinker / Bridder Grimm E Mäerche fir Grouss a Kleng op Lëtzebuergesch Ab 6 Joer Surtitres en français et anglais

Date(s)

(Cet événement n'a pas de description en français)
Virun zwou Saisonen hunn d’Stater Theateren eng al Traditioun aus de 60er Joren nees an d’Liewe geruff: Märercher nei opliewen ze loossen, a Lëtzebuerger Sprooch. Am Dezember 2017 ass esou ënner dem Ian De Toffoli senger Fieder an dem Myriam Muller senger Regie de Rumpelstilzchen mat groussem Erfolleg op d’Bühn bruecht ginn. All zwee Joer soll en neit Wierk entstoen am enken Zesummespill tëschent engem Auteur an engem Regisseur an all Kéiers geet et drëms fir klassesch Geschichten nei ze erzielen an esou virun de Feierdeeg Grouss a Kleng ze begeeschteren.

Fir d’Kreatioun 2019 entféieren de Lëtzebuerger Auteur Jeff Schinker an de Regisseur Charles Muller, zesumme mat enger éischtklasseger Equipe vu Schauspiller a Musiker, eis an d’Welt vum Rabonzel .

Als jonkt Meedche gëtt d’Rabonzel vu sengen Elteren un eng däischter Gestalt, där ee mysteriéise Gaart gehéiert, verkaf. An engem Tuerm soll d’Meedche säin Dram verwierklechen a mat der Hëllef vun där Figur, déi sech Lone nennt – hallef Casting-Agent, hallef verlugenen Hexer, an 100 Prozent onduerchsiichteg – zu enger weltbekannter Sängerin ginn. Schnell mierkt d’Rabonzel, wat dem Lone wierklech am Kapp ronderëm schwierft– a léiert ee charmante Prënz kennen, deen allerdéngs liicht onbehollef ass. Wäert dem Rabonzel säin Dram an Erfëllung goen? 

An dëser neier Versioun vum Rabonzel , e Mäerchen, dat an der Literatur an am Theater ëmmer erëm opgegraff gouf, wäert de Schwéierpunkt op der Musek an op dem Verdreemte leien. Nei Kompositiounen a Lidder vum Gast Waltzing ënnermolen d’Thema vun der Jugend, hiere Wënsch an Idealer a wéi se oft vun den Erwuessenen ausgenotzt ginn.



Mam Fabienne Elaine Hollwege, Tom Heck, Maximillien Jadin, Rosalie Maes, Sophie Mousel, Leila Saint James, Paul Robert, Sven Sauber, Pitt Simon, Timo Wagner Regie Charles Muller
Dramaturgie Andreas Wagner
Musik Gast Waltzing
Bühn, Kostümer & Luucht Drago? Buhagiar
Regieassistenz Daliah Kentges
Maquillage Joel Seiller
Répétiteur Jeff Speres Produktioun Les Théâtres de la Ville de Luxembourg
 

 

 

 

 

 
Représentations tout public
Samedi 14 DÉCEMBRE 2019 à 17h00 (tickets)
Dimanche 15 DÉCEMBRE 2019 à 17h00 (tickets)
Mercredi 18 DÉCEMBRE 2019 à 19h00 (tickets)
Représentations scolaires
Mardi 12 DÉCEMBRE 2019 à 10h30  (tickets)
Mercrdi 18 DÉCEMBRE 2019 à 14h30  (tickets)
Jeudi 19 DÉCEMBRE 2019 à 10h30 (tickets)
DURÉE 1h20 spectacle en création Adultes 25 €, 20 €, 15 € / Jeunes 8 € / Kulturpass bienvenu Lieu: Grand Théâtre / Grande Salle

Média

Lieu

Grand Théâtre de la Ville de Luxembourg
1 Rond-point Schuman
2525 LUXEMBOURG
Luxembourg

Information de contact pour cet événement

Téléphone:
E-mail:

Partager

Ajouter au calendrier

Rabonzel

Ajouter au calendrier 2019-12-15 17:00:00 2019-12-15 17:00:00 Rabonzel Grand Théâtre de la Ville de Luxembourg UTC public
Organisation

Mots clés

theater.lu, vdl.lu, Théâtre

Vous pourriez aimer également...

Théâtre & cabaret
-
Théâtre Municipal de la ville d'Esch-sur-Alzette
ESCH-SUR-ALZETTE
Théâtre & cabaret
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
ETTELBRUCK
Théâtre & cabaret
-
Mierscher Kulturhaus
MERSCH
X

Acheter des tickets