Facebook  

Back to top

Recherche avancée

Expositions , Arts plastiques

Pir Kremer - ZesummegePIKtes

Fir dem Auteur säin 100. Gebuertsdag - e Réckbléck op Liewen a Wierk, Mierscher Kulturhaus, CNL, CNA

Date(s)

-
daily, starting from 12/13/19, until 3/20/20
(Cet événement n'a pas de description en français)
Een Humorist ass een Humanist mat Häerz a mat Witz (...)(...)Ënnert den Zäit-, Gesellschafts-, Politik- a Kulturkritiker sin déi echt Humoristen éischter dënn geséint. (...) Zu dëser rarer Kategorie vun Humoriste gehéiert Kréimesch Pir, wéi all déi en nennen, déi hien zënter Joerzéngten duerch de Radio, d'Revue, déi vill lëschtesch Owenter oder duerch seng Bicher kennen an déi e gär hun. Duerch séng kärech Sprooch, an där Nuancen, Wuertspiller, raffinéiert Ënnertéin agefaang sin, duerch säi luussige Bléck, an deem sech Situatiouns komik spigelt, huet en de Jonken an Elere vill Freed gemaach, ouni mat bëllegen Tricken a klengem Klaatsch ze jongléieren (...) Léopold Hoffmann "Méi wéi honnert Pärelen", Editions des Cahiers Luxembourgeois, Editeur Nic WeberDe Pir Kremer, dat ass e Stéck Lëtzebuerg. Fir den 100. Gebuertsdag beliicht d'Ausstellung Pir Kremer - ZesummegePIKtes d'Liewen an d'Wierk vun deem Auteur, deem seng Stëmm wuel wéi keng aner d'Lëtzebuerger Radio- a Sproochelandschaft matgepräägt huet. D'Ausstellung proposéiert e Réckbléck op dem Auteur säi Liewen, op seng vilfälteg Theaterproduktiounen, seng Radios- a Televisiounsemissiounen an op säi Schaffen als Satiriker an Dichter. Si bitt do riwwer eraus eng originell Vue op manner bekannte Facettë vun dem Pir Kremer senger Perséinlechkeet, wéi z.B. seng Aktivitéit als Publicitéitstexter. D'Ausstellung erméiglecht en Abléck a bis ewell nach ni gewisen Dokumenter a vermëttelt unhand vu Biller, Stëmmen an Texter déi besonnesch Atmosphär vum Phenomen Pir Kremer.

Média

Lieu

Mierscher Kulturhaus
53 RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE
7520 MERSCH
Luxembourg

Information de contact pour cet événement

Téléphone:
E-mail:
Internet:

Partager

Ajouter au calendrier

Organisation

Mots clés

Art contemporain

Vous pourriez aimer également...

Expositions, Nature, sport et loisirs
Lëtzebuerg City Museum
LUXEMBOURG
Expositions
-
Capellen
CAP
Expositions, Arts plastiques
-
Rotondes
LUXEMBOURG