Facebook  

Back to top

Recherche avancée

Expositions

Meisy Mongenast-Servais

Date(s)

D'Meisy Mongenast-Servais (1882-1925) ass eng Fra, déi zu Onrecht vu ville vergiess ass. Si ass d'Enkelin vum fréiere Staatsminister Emmanuel Servais an d'Duechter vum Ingenieur Émile Servais, deen 1919 fir annerhallwen Dag President vun der kuerzlieweger Republik Lëtzebuerg war. Wéi kaum eng aner Fra um Ufank vum 20. Joerhonnert huet d'Meisy Mongenast-Servais kulturell a politesch matgeschwat. Fräiheet an Autonomie waren déi Wäerter, fir déi si sech agesat huet. 1918 huet si zesumme mat anere Fraen eng Petitioun fir d'Aféierung vum Fraewahlrecht un d'Chamber geriicht, vun 1918 bis 1921 war si Sekretärin vun der Sozialdemokratescher Partei, der LSAP vun haut. Als eenzeg Fra am Comité vun der Action républicaine huet si d'Ofschafe vun der Monarchie zu Lëtzebuerg an d'Aféiere vun der Republik verlaangt. Ënner verschiddene Pseudonymmen huet d'Meisy Mongenast-Servais souwuel aggressiv politesch Texter wéi och klassesch a pazifistesch Gedichter publizéiert. Der Christiane Rausch hir Liesunge vu verschiddenen Extraiten aus der Meisy Mongenast-Servais hiren Texter ergänzen de spannende Virtrag vun der Germaine Goetzinger.

Média

Lieu

Musée national d'histoire et d'art
Marché-aux-Poissons -
2345 LUXEMBOURG
Luxembourg

Information de contact pour cet événement

Téléphone:
E-mail:
Internet:

Partager

Ajouter au calendrier

Meisy Mongenast-Servais

Ajouter au calendrier 2019-12-05 18:00:00 2019-12-05 18:00:00 Meisy Mongenast-Servais D'Meisy Mongenast-Servais (1882-1925) ass eng Fra, déi zu Onrecht vu ville vergiess ass. Si ass d'Enkelin vum fréiere Staatsminister Emmanuel Servais an d'Duechter vum Ingenieur Émile Servais, deen 1919 fir annerhallwen Dag President vun der kuerzlieweger Republik Lëtzebuerg war. Wéi kaum eng aner Fra um Ufank vum 20. Joerhonnert huet d'Meisy Mongenast-Servais kulturell a politesch matgeschwat. Fräiheet an Autonomie waren déi Wäerter, fir déi si sech agesat huet. 1918 huet si zesumme mat anere Fraen eng Petitioun fir d'Aféierung vum Fraewahlrecht un d'Chamber geriicht, vun 1918 bis 1921 war si Sekretärin vun der Sozialdemokratescher Partei, der LSAP vun haut. Als eenzeg Fra am Comité vun der Action républicaine huet si d'Ofschafe vun der Monarchie zu Lëtzebuerg an d'Aféiere vun der Republik verlaangt. Ënner verschiddene Pseudonymmen huet d'Meisy Mongenast-Servais souwuel aggressiv politesch Texter wéi och klassesch a pazifistesch Gedichter publizéiert. Der Christiane Rausch hir Liesunge vu verschiddenen Extraiten aus der Meisy Mongenast-Servais hiren Texter ergänzen de spannende Virtrag vun der Germaine Goetzinger. Musée national d'histoire et d'art UTC public
Organisation

Mots clés

Expositions thématiques

Vous pourriez aimer également...

Expositions, Arts plastiques
-
Kulturhaus Niederanven
NIEDERANVEN
Expositions, Arts plastiques
-
Kulturhaus Niederanven
NIEDERANVEN
Expositions, Arts plastiques
-
Mudam Luxembourg – Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean
LUXEMBOURG