Facebook  

Back to top

Recherche avancée

Théâtre & cabaret

Fënsterdall

vum Pol Greisch

Date(s)

-
(Cet événement n'a pas de description en français)


Dësen Owend ass en Hommage un e grousse Lëtzebuerger: den Thierry van Werveke. Seng läscht Roll war de Jean am Fënsterdall vum Pol Greisch. De 14. November 2008 huet hien nach d’Première am TNL gespillt, huet awer zwee Deeg dono an d’Klinik musse goen an ass e puer Wochen drop gestuerwen. Zum Gedenken un säin Doudesdag huet den TNL dëst Stéck nach eng Kéier opgeholl, ganz bescheiden, als gespillte Liesung, an bréngt et elo och op Iechternach.



Den TNL huet, am Kader vun der Retrospektiv-Ausstellung „Thierry !“ 2018 am CNA zu Diddeleng iwwer den Thierry van Werveke, dëst Stéck nach eng Kéier opgeholl a presentéiert et elo och fir d'éischte Kéier zu Iechternach am TRIFOLION - ganz bescheiden, als gespillte Liesung, als „Mise en espace“. A wann e Regisseur dem Thierry seng Roll liest, weess een, dass den Thierry net wierklech ze ersetzen ass.



Et fällt wéi mat Eemeren. D’Janine an de Jean, allebéid op Mountain-Bike, musse sech matzen am Bësch ënnerdaach stellen, soss versuppe s’am Bulli. Gottsäidank gerode se bei eng Häip: ‘t ass net gespaart, si ginn eran… Eng feierlech Musek kléngt hinnen entgéint… Drënner eng rau Stëmm: Wou waars de sou laang?



Mir sinn am Fënsterdall, kënnten ower grad esou gutt am Direndall sinn…oder soss éirewou op der Welt ënner Mënschen, déi no Léift verlaangeren, no Versteesdemech… wat dacks schwéier z’erreechen ass, well mer ze rabiat sinn, ze feig, ze egoistesch…

De Pol Greisch bleiwt an desem Steck sech trei. Awer nëmmen op den éischten Bléck. Op den zweeten geet hie ganz nei Wéer. Seng Figuren si mei verstréckt, aneneen, mateneen. Souguer d’Natur huet sech géint sie verbonn an deckt dat op, wat si verstoppe wëllen. Awer och am trageschste Moment blëtzt dem Pol Greisch seng Komik op.



Mise en espace: Andreas Wagner, Frank Hoffmann

Bühn a Kostümer: Dagmar Weitze

Musek: Cary Greisch

Luut: Zeljko Sestak

Garderob: Madelina Eischen



Mam: Frank Hoffmann, Christiane Rausch, Nicole Max, Serge Tonon



Eng Produktioun: Théâtre National du Luxembourg

Dauer: ca 65 Min. ouni Paus

Média

Lieu

TRIFOLION Echternach
2 Porte St. Willlibrord
6486 ECHTERNACH
Luxembourg

Prix:

  • Categorie A :
    20.00
  • Categorie A étudiants et jeunes <27 ans :
    12.00
  • Categorie B :
    15.00
  • Categorie B étudiants et jeunes <27 ans :
    9.00
  • Kulturpass :
    1.50

Information de contact pour cet événement

Téléphone:

Organisateur

TRIFOLION Echternach

Partager

Ajouter au calendrier

Fënsterdall

-
Ajouter au calendrier 2020-04-02 20:00:00 2020-04-02 21:15:00 Fënsterdall TRIFOLION Echternach TRIFOLION Echternach TRIFOLION Echternach UTC public
Organisation

Mots clés

TRIFOLION Echternach, Ticket Service Echternach

Vous pourriez aimer également...

Théâtre & cabaret
Théâtre ouvert Luxembourg (TOL)
LUXEMBOURG
Théâtre & cabaret, Cirque & art de la rue
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
ETTELBRUCK
Théâtre & cabaret, Film & photographie
-
Théâtre Municipal de la ville d'Esch-sur-Alzette
ESCH-SUR-ALZETTE
X

Acheter des tickets

Ticket Service Echternach
caisse@trifolion.lu 00352 26 72 39 500

#BLEIFTDOHEEM
RESTEZ À LA MAISON

Suite aux directives gouvernementales dans la lutte contre la propagation du virus COVID-19, Events in Luxembourg n’affiche plus d’événements pour le mois de mars 2020.

Pour toutes questions concernant des événements en particulier, veuillez directement contacter les organisateurs concernés.