Facebook  

Back to top

Recherche avancée

Musique

Den Online-Chouer geet a seng zweet Editioun

Date(s)

-
(Cet événement n'a pas de description en français)
Nodeems iwwer 60 Leit beim éischte Chouer matgemaach hunn, lancéieren den INECC an de radio 100,7 eng zweet Editioun, bei där jiddweree matmaache kann. Um Programm: "Tourdion" mam Dirigent Marc Dostert.

De Video fann Dir hei: https://vimeo.com/429657541/eee073a1d8?utm_source=email&utm_medium=vime…

"Mat engem Stëmmungslidd iwwer d'Gesellegkeet an d'Drénke wollt den Dirigent Marc Dostert de Participante vum Online-Chouer an den Zäite vum Corona eng Freed maachen.

Bei dëser zweeter Editioun hu ronn 50 Sängerinnen a Sänger matgemaach, déi sech eenzel bei sech doheem gefilmt an hire Clip erageschéckt hunn. Um Programm steet "Tourdion", e Lidd aus dem 16. Joerhonnert, dat dem Pierre Attaignant zougeschriwwe gëtt." (Radio 100,7)

Well d'Chouersangen duerch d'Corona-Kris net wéi gewinnt méiglech ass, lancéieren den Institut Européen de Chant Choral, Luxembourg (INECC) an de radio 100,7 déi zweet Editioun vum Online-Chouer. Matmaache kann een an dräi einfache Schrëtt: Umellen iwwer info@inecc.lu, ophuelen an eraschécken.

Als Dirigent vun der Maîtrise vun der Kathedral huet de Marc Dostert e grousse Fundus u Stécker a sengem Repertoire. Fir de Lëtzebuerger Online-Chouer huet hie sech allerdéngs eent erausgesicht, dat hien nach ni virdrun dirigéiert huet: "Tourdion", e lëschtegt Lidd an engem beschwéngten dräi-véierels Takt.

"Ech hunn et erausgesicht, well et do ëm d'Drenke geet, ëm d'Gesellegkeet. Alles dat, wat mir jo momentan leider net dierfen, kann een esouzesoen iwwer d'Sangen trotzdem maachen "



Drëtt Editioun mam Jeff Mack

Gläichzäiteg mat der Publikatioun vum Video vun der zweeter Editioun, lancéieren den 100,7 an den INECC den Opruff un all Interesséierte fir déi drëtt Editioun. Den Trompettist a Sänger Jeff Mack dirigéiert dës nei Editioun vum Lëtzebuerger Online-Chouer. Als Stéck proposéiert hien en eegent Arrangement vum bekannte Lidd "Down by the Salley Gardens". U sech wier et schonn e ganz aalt Lidd dat e bëssen aus der englesch-irescher Mythologie géif kommen, seet de Jeff Mack. Iwwer en anere Sänger wier hien dorop opmierksam ginn:

"Ech sinn iwwer den Andreas Scholl op dëst Lidd gestouss. Den Andreas Scholl huet dat als éischte Countertenor op der Night of the Proms gesongen. An dat huet mech esou faszinéiert, datt mech dat Lidd elo schonn iwwer déi lescht zéng Joer begleet."



Lauschtert den Interview mam Jeff Mack hei: https://100komma7.lu/audio/113816



Wéi matmaachen?

De Lëtzebuerger Online-Chouer ass op fir jiddwereen. Fir ze matzemaache ginn dräi einfach Schrëtt duer: Umellen, ophuelen an eraschécken. Nodeems ee sech iwwer d'E-Mail-Adress info@inecc.lu ugemellt huet, kritt een en techneschen How-To, d'Nouten an e Playback-Video geschéckt. Op dësem Video gesäit een de Jeff Mack dirigéieren an et héiert een d'Lidd "Down by the Salley Gardens". Wann een d'Nouten e bësse geüübt huet, filmt ee sech mam Smartphone, wärend ee synchron mam Playback-Video matséngt. Als lescht schéckt een den eegene Video dann un den INECC.

Nodeems all d'Videoen erageschéckt goufen, gi se zu engem eenzegen zesummegeschnidden an d'Stëmme vun engem professionellen Tounmeeschter gemixt. Zum Schluss gëtt béides nees zesummegeféiert an d'Resultat online gestallt.

Umellen iwwer info@inecc.lu, ophuelen an eraschécken



*Text vum Luc Boentges (Radio 100,7)

Média

Pas de lieu fixe
Lieu

Prix

Gratuit

Information de contact pour cet événement

Téléphone:
E-mail:

Organisateur

INECC Luxembourg

Partager

Ajouter au calendrier

Organisation

Mots clés

Inecc Luxembourg, Kulturpass

Vous pourriez aimer également...

Musique
Philharmonie Luxembourg
LUXEMBOURG
Musique
Philharmonie Luxembourg
LUXEMBOURG
Musique
Philharmonie Luxembourg
LUXEMBOURG