Facebook  

Back to top

Recherche avancée

- Autres -

Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen

Date(s)

GUY REWENIG
Kreatioun [LB]
D’Félicie an den Heng, eng eeler Koppel vum Lampertsbierg, fueren an e Schwäizer Kurhotel. Wat si do maachen a firwat et si an d’Schwäiz verschléit, ass laang Zäit net kloer. Si behuele sech ewéi zwee Gedriwwener, déi et doheem net aushalen an dobaussen an der Friemt net glécklech ginn. Jiddefalls gerode si an der Schwäiz op eng Zort Geeschterbunn: Alles, wat si erliewen, gëtt ëmmer méi koppeg a bosseg, d’Gläichgewiicht tëscht dem Félicie an dem Heng ass empfindlech gestéiert, a wa si op eemol am Kurhotel aner Lëtzebuerger begéinen, déi hinne komplett géint de Stréch ginn, eskaléiert déi ganz Situatioun. Mee wat stécht hannert där kuriéiser Schwäizer Eskapad? Den déiwe Grond kënnt nëmme stéckweis eraus, iwwert Undeitungen a Gefillsausbréch, an et däerf een unhuelen, datt déi richteg, schrecklech Geeschterbunn doheem um Lampertsbierg steet.

De Guy Rewenig huet säi Stéck ugeluecht als Geschicht iwwert d’Léift vun zwee Leit, déi net méi vill mateneen ufänke kënnen an awer op eng batter Manéier vuneneen ofhängeg sinn. Si péngege sech, maache sech Virwërf, streide vu mueres bis owes, fir dann nees momentweis friddlech a verstänneg mateneen ëmzegoen. Si sti sech selwer am Wee, kënnen net iwwert hire Schiet sprangen, an awer kënnt kee vun deem anere lass. Den Text – eng Suite vu rapiden, intensiven Dialoger – wiesselt stänneg tëscht Tragik a Komik an iwwert allen Episoden a Statioune steet d’Fro: Wéi laang kann dat do nach gutt goen? Wéini kënnt déi grouss Katastroph?

De Charles Muller inszenéiert e Stéck an deem näischt esou ass wéi et schéngt, an deem et ëm eng grouss Liewensligen, ëm Verdrängung an sech an d’Täsch léie geet, mam Christiane Rausch an der Roll vum Félicie an dem Jean-Paul Maes an der Roll vum Heng. Weiderhin fueren d’Brigitte Urhausen, de Pitt Simon an den Nilton Martins mat op där Geeschterbunn, déi awer mat enger gesonder Portioun groteskem Humor ënnerwee wäert sinn an dës Saison och zu Miersch, Maarnech an Iechternach Statioun wäert maachen.

[DIS]
Mam
Heng  Jean-Paul Maes
Zëmmerservice Nilton Martins
Félicie Christiane Rausch
Ricky Pitt Simon
Bella Brigitte Urhausen
Museker Luc Hemmer
Zëmmerservice Manuela Giaccometti, Lorent Hajredini, Marko Mladjenovic, Paul Nossem, Annick Schadeck
Regie  Charles Muller
Dramaturgie Andreas Wagner
Bühn & Kostümer Anouk Schiltz
Luuchtendesign Philippe Lacombe
Regieassistenz Daliah Kentges
Kompositioun Luc Hemmer / Joël Mangen
Beweegungstraining  Annick Schadeck
Mask Joël Seiller
Garderobe Manuela Giaccometti
Mask Joël Seiller
Requisite Marko Mladjenovic
Produktioun Les Théâtres de la Ville de Luxembourg
Koproduktioun Cube 521 Marnach, Trifolion Echternach

Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen ass ee vun den Texter aus dem Buch mam selwechten Titel, dat 2015 am Verlag Guy Binsfeld erauskoum.

Samedi 6  OCTOBRE 2018 à 20h00 (tickets)
Mardi 9  OCTOBRE 2018 à 20h00 (tickets)
Jeudi 11  OCTOBRE 2018 à 20h00 (tickets)
Samedi 13  OCTOBRE 2018 à 20h00 (tickets)
DURÉE environ 1h15 (pas d'entracte)
Aféirung zum Stéck vum Här Marc Rettel 1/2 Stonn virun de Virstellungen (LB)
Adultes 20 €, 15 €, 8 € / Jeunes 8 € / Kulturpass bienvenu
Lieu: Théâtre des Capucins
[TICKETS]2018-10-06 20:00:00 25377+2018-10-09 20:00:00 25379+2018-10-11 20:00:00 25380+2018-10-13 20:00:00 25378

Média

Lieu

Théâtre des Capucins
Place du Theatre
2613 LUXEMBOURG
Luxembourg

Information de contact pour cet événement

Téléphone:
E-mail:

Partager

Ajouter au calendrier

Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen

Ajouter au calendrier 2018-10-13 20:00:00 2018-10-13 20:00:00 Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen GUY REWENIG%0AKreatioun [LB]%0A D’Félicie an den Heng, eng eeler Koppel vum Lampertsbierg, fueren an e Schwäizer Kurhotel. Wat si do maachen a firwat et si an d’Schwäiz verschléit, ass laang Zäit net kloer. Si behuele sech ewéi zwee Gedriwwener, déi et doheem net aushalen an dobaussen an der Friemt net glécklech ginn. Jiddefalls gerode si an der Schwäiz op eng Zort Geeschterbunn: Alles, wat si erliewen, gëtt ëmmer méi koppeg a bosseg, d’Gläichgewiicht tëscht dem Félicie an dem Heng ass empfindlech gestéiert, a wa si op eemol am Kurhotel aner Lëtzebuerger begéinen, déi hinne komplett géint de Stréch ginn, eskaléiert déi ganz Situatioun. Mee wat stécht hannert där kuriéiser Schwäizer Eskapad? Den déiwe Grond kënnt nëmme stéckweis eraus, iwwert Undeitungen a Gefillsausbréch, an et däerf een unhuelen, datt déi richteg, schrecklech Geeschterbunn doheem um Lampertsbierg steet.%0A%0ADe Guy Rewenig huet säi Stéck ugeluecht als Geschicht iwwert d’Léift vun zwee Leit, déi net méi vill mateneen ufänke kënnen an awer op eng batter Manéier vuneneen ofhängeg sinn. Si péngege sech, maache sech Virwërf, streide vu mueres bis owes, fir dann nees momentweis friddlech a verstänneg mateneen ëmzegoen. Si sti sech selwer am Wee, kënnen net iwwert hire Schiet sprangen, an awer kënnt kee vun deem anere lass. Den Text – eng Suite vu rapiden, intensiven Dialoger – wiesselt stänneg tëscht Tragik a Komik an iwwert allen Episoden a Statioune steet d’Fro: Wéi laang kann dat do nach gutt goen? Wéini kënnt déi grouss Katastroph?%0A%0ADe Charles Muller inszenéiert e Stéck an deem näischt esou ass wéi et schéngt, an deem et ëm eng grouss Liewensligen, ëm Verdrängung an sech an d’Täsch léie geet, mam Christiane Rausch an der Roll vum Félicie an dem Jean-Paul Maes an der Roll vum Heng. Weiderhin fueren d’Brigitte Urhausen, de Pitt Simon an den Nilton Martins mat op där Geeschterbunn, déi awer mat enger gesonder Portioun groteskem Humor ënnerwee wäert sinn an dës Saison och zu Miersch, Maarnech an Iechternach Statioun wäert maachen.%0A%0A[DIS]%0A Mam%0AHeng  Jean-Paul Maes%0A Zëmmerservice Nilton Martins%0A Félicie Christiane Rausch%0A Ricky Pitt Simon%0A Bella Brigitte Urhausen%0A Museker Luc Hemmer%0A Zëmmerservice Manuela Giaccometti, Lorent Hajredini, Marko Mladjenovic, Paul Nossem, Annick Schadeck %0ARegie  Charles Muller %0ADramaturgie Andreas Wagner %0ABühn & Kostümer Anouk Schiltz %0ALuuchtendesign Philippe Lacombe %0ARegieassistenz Daliah Kentges %0AKompositioun Luc Hemmer / Joël Mangen %0ABeweegungstraining  Annick Schadeck %0A Mask Joël Seiller %0A Garderobe Manuela Giaccometti%0A Mask Joël Seiller%0A Requisite Marko Mladjenovic %0A Produktioun Les Théâtres de la Ville de Luxembourg%0A Koproduktioun Cube 521 Marnach, Trifolion Echternach %0A %0A Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen ass ee vun den Texter aus dem Buch mam selwechten Titel, dat 2015 am Verlag Guy Binsfeld erauskoum.%0A%0A %0ASamedi 6  OCTOBRE 2018 à 20h00 (tickets)%0AMardi 9  OCTOBRE 2018 à 20h00 (tickets)%0AJeudi 11  OCTOBRE 2018 à 20h00 (tickets)%0ASamedi 13  OCTOBRE 2018 à 20h00 (tickets)%0A DURÉE environ 1h15 (pas d'entracte)%0A Aféirung zum Stéck vum Här Marc Rettel 1/2 Stonn virun de Virstellungen (LB)%0AAdultes 20 €, 15 €, 8 € / Jeunes 8 € / Kulturpass bienvenu%0A Lieu: Théâtre des Capucins %0A[TICKETS]2018-10-06 20:00:00 25377+2018-10-09 20:00:00 25379+2018-10-11 20:00:00 25380+2018-10-13 20:00:00 25378%0A Théâtre des Capucins UTC public
Organisation

Mots clés

theater.lu, Théâtre des Capucins

Vous pourriez aimer également...

- Autres -
Aalt Stadhaus
DIFFERDANGE
- Autres -
Musée national d'histoire et d'art
LUXEMBOURG
- Autres -
Musée national d'histoire et d'art
LUXEMBOURG