Facebook  

Back to top

Recherche avancée

Littérature

Äddi Jay, du waars net keen!

Jay Schiltz / Claude Mangen

Date(s)

,
(Cet événement n'a pas de description en français)
Mam Jay Schiltz huet déi Lëtzebuerger Kultur- a Mediewelt ee vu sengen Acteure vill ze fréi verluer. Mir erënneren eis u säi Wierk a säin Humor, säi Laachen, seng Begeeschterung, seng Rou, seng Stëmm, seng Häerzlechkeet, seng Mënschlechkeet a seng Perséinlechkeet.



De Jay huet ni gezéckt fir sech „zu Wuert“ ze mellen, net als Journalist an net als Auteur! Hien ass kengem eng schëlleg bliwwen an huet ausgedeelt, sief et mat geschwate Commentairen um Radio oder gespillten Texter op der Bün. Ma hie konnt och astiechen a sech selwer op d’Schëpp huelen.



Seng Stäerkt war net eleng déi spatz Fieder, ma och seng Stëmm mat deem speziellen Timber. De Jay konnt schaarf Kritik mat Rou a Nodrock op de Punkt bréngen. Journalismus a Schreiwen si parallel gelaf. Als Theaterauteur a Kabarettist huet hie Lëtzebuergesch geschriwwen, an als Erzieler Däitsch.



Am Mëttelpunkt vum Owend stinn dem Jay Schiltz seng Texter a seng Sprooch: Radios-Commentairen, Kulturbäiträg aus der „Tageblatt“-Bäilag „Kulturissimo“, säin Aschengänger: Erzählung einer langen Reise, Auszich aus Theaterstécker a politesch Cabaret-Texter.





Mat Texter vum Jay Schiltz Textcollage a Regie Claude Mangen Ënnert anerem mam Roland Gelhausen, Christiane Kremer Musek Christophe Reitz Produktioun Kinneksbond, Centre Culturel Mamer 

Mat der Ënnerstëtzung vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Mamer.

Média

Lieu

Kinneksbond, Centre Culturel Mamer
42 ROUTE D'ARLON
8210 MAMER
Luxembourg

Prix:

  • Adulte :
    20.00
  • Jeune :
    8.00

Information de contact pour cet événement

Téléphone:

Partager

Ajouter au calendrier

Organisation

Mots clés

Kinneksbond, Centre Culturel Mamer,,,, Jay Schiltz

Vous pourriez aimer également...

Littérature
Kulturhaus Niederanven
NIEDERANVEN
Littérature, Musique
-
TRIFOLION Echternach
ECHTERNACH
Littérature
Aalt Stadhaus
DIFFERDANGE