Facebook  

Back to top

Advanced search

Nature, sport et loisirs , - Autres -

Kucke - Liese - Spillen: Rose wéi eng Spann, frou wéi eng Sonneblimmchen ...

Den Samschdesmoies-Treff fir déi Kleng an hir Elteren

Date(s)

-
(Dieser Text existiert nicht auf deutsch)

All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).



Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi. 



Eist Theema dës Kéier:



Heiansdo ass een esou frou, datt een déi ganz Welt kéint ëmäerbelen? Dann nees esou traureg, datt ee bal muss kräischen … Gefiller spille munchmol verréckt!



Wéi eng Gefiller ginn et? Wéi fillen si sech un? Wéi ginn ech mat menge Gefiller ëm a wéi mat deenen aneren hiren?



Mir lauschteren e puer Geschichten zum Theema, maachen e puer Spiller, fir d‘Gefiller besser ze verstoen a bastelen zum Schluss eppes Klenges.



Umeldungsfrist: 12/5/2021



Informatiounen: Danielle Mertes, Tel.: 4 47 43 340 / Mail: info@ewb.lu



Referent: Sonia Thewes a Mataarbechter-innen vun der ErwuesseBildung



Sprooch: Lëtzebuergesch



Zilgrupp: Kanner vu 5 - 9 Joer (C 1.2 - C3)



Plaz: Ewuessebildung (Centre Convict - Entrée G - RdC), 5, Avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg



Organisatioun: ErwuesseBildung asbl



Umeldung: Gitt wgl. d'Coursnummer KLS 20210515 an den Alter vum Kand un.


Media

Venue

ErwuesseBildung
5 av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC)
2132 LUXEMBOURG
Likisambulu

Price(s):

  • 8.00

Contact information for this event

Phone:
E-mail:

Organizer

ErwuesseBildung

Share Event

Add to calendar

Organisation

Keywords

ErwuesseBildung, Kinder, Freizeit, ELTERN, Familienzeit

You may also like...

Nature, sport et loisirs, - Autres -
-
ErwuesseBildung
LUXEMBOURG
Nature, sport et loisirs, Patrimoine & traditions
Aalt Stadhaus
DIFFERDANGE
Nature, sport et loisirs, Fêtes & marchés
-
Robbesscheier
MUNSHAUSEN